Gudde Mëtteg,
Villmools Merci, datt dir bei der 11. Nationaler Konferenz zur non-formaler Bildung am Kandheetsberäich ronderëm d’Theema “Am Zesummeliewe staark ginn – Sozial-emotional Kompetenzen an der non-formaler Bildung” den 17. November, 2022 vun 9h00 bis 12h30 am Forum Geesseknäppchen mat engem Informatiounsstand deelhëlt a sou d’Offer vun der Konferenz mat Ärem Informatiounsmaterial beräichert. Nofolgend fannt Dir allgemeng Informatiounen zur praktescher Organisatioun vum Stand.